Réckbléck 2020
01 Jan 2021
Dat mannst wat ee wuel vum Joer 2020 soe kann, ass dass et spannend woar. D'Realitéit fir eis als Photo-Club Esch woar net vill anescht wéi fir vill aner Veräiner och: Annulatiounen, Réckele vun Evenementer an Aktivitéiten, Upassungen do wou se méiglech woaren an sou weider.
All Kris huet awer seng positiv Säit, och wann se heiansdo schwéier auszemaachen ass. An dësem Fall woar et sécherlech zum Deel eng Entschleunegung fir Mënsch an Natur. Eng Realitéit déi sech och an eisem interne Foto Challenge wärend dem éischten "Confinement" bei eise Memberen an de Biller zeréckgespigelt huet.
Aktivitéiten
Déi Aktivitéiten déi mär 2020 ze verzeechnen hunn, bezéien sech logescherweis op déi éischt zwee an d'hallef Méint, wéi och déi puer Wochen am Summer no dem "Confinement". Mär konnten eisem Salon d'Auteurs mat der 26ter Editioun trei bléiwen an haten och immens groussen Erfolleg mat eiser Expositioun »An den Déifte vum Minett« an der hauseegener Galerie Permanente d'Art Photographique.
Iwwert d'Joer hu mär fënnef Périodiquen trotz allem gutt mat Inhalt gefëllt, nei gelayouted a verschéckt kritt.
Allgemeng hate mär 68 Aktivitéiten am Veräinslokal op der Resistenzplaz a 5 fotografesch Sortien duerch Esch an d'Natur ronderëm. Kleng Renovatiounen an Ëmännerunge fir den Infektiounsrisiko weider eroaf ze drécken, wéi och Erneierunge vun der digitaler Infrastruktur sinn och ëmgesat ginn.
Op der Escher Kulturnuecht (Nuit de la Culture), wéi och op den anere kommunalen Zeremonien an Evenementer hunn eis Memberen d'Stëmmungen agefaangen.
Niewent enger ganzer Rëtsch un individuellen a Partneraktivitéiten, sinn och nach 500 Stonne vu vereenzelte Memberen an d'Preparatioun vun de Centenaire's Feierlechkeeten investéiert ginn, déi den 8. Juni 2021 am Escher Theater uloafe wäerten.
Ass d'Veräinsliewe dann och digitaliséiert ginn?
Deels deels. Mär versichen eiser Traditioun als Veräi wat d'Treffen ausserhalb vum reng digitale Raum sou gutt et geet trei ze bléiwen. Wann d'sanitär Mesuren an d'Infektiounszuelen et erloabt hunn, hu mär eis am jeeweileg méigleche Kader am Veräinslokal oder dobausse getraff.
Déi Zäit wou dat net méiglech woar, hu mär eis Memberen encouragéiert déi Zäit ze notze fir ze fotograféieren, sief et dobaussen oder an den eegene véier Wänn. D'Material vum Club stoung natierlech all Member zu Verfügung a konnt och op Ufro Heem geliwwert ginn.
D'Zäit fir d'Biller ze kucken an ze diskutéieren, ass och nach iwwert déi nächst Méint méiglech. Esch awer an dëser aussergewéinlecher Situatioun vun dem leschte Joer ze fotograféiere, woar an ass eenzegoarteg.