Säit 1890, ass d’Fotografie eist Handwierk, an d’Erziele vu Geschichten unhand vu Fotoen eis Passioun

Photo-Club Esch a.s.b.l.

De Photo-Club Esch ass ee vun den eelste Veräiner fir Fotografie zu Lëtzebuerg mat enger offizieller Grënnung 1919, an enger Geschicht déi bis op d'Joer 1890 zeréckgeet. Progressiv zanter der Grënnung, huet de Veräin sech ëmmer fir all Zort vu Fotografie intresséiert, allem virop Esch, wéi och de Minett am Fokus gehat. D'Archive sinn Zeie vun Dausende vu Fotoen déi hautzedaags als historesch Dokumentatiounen fir de Escher a Lëtzebuergescher Patrimoine vu groussem Wäert sinn. Säit iwwert engem hallwe Joerhonnert déif verwuerzelt mam Quartier Brill am Häerze vum Zentrum, ass de Photo-Club Esch zu enger Kulturinstitutioun iwwert déi leschten 130 Joer ginn.

Allgemeng Informatiounen