Säit 1919, ass d’Fotografie eist Handwierk, an d’Erziele vu Geschichten unhand vu Fotoen eis Passioun
Photo-Club Esch a.s.b.l.
De Photo-Club Esch ass ee vun den eelste Veräiner fir Fotografie zu Lëtzebuerg mat enger offizieller Grënnung 1919, an enger Geschicht déi bis op d'Joer 1890 zeréckgeet. Progressiv zanter der Grënnung, huet de Veräin sech ëmmer fir all Zort vu Fotografie intresséiert, allem virop Esch, wéi och de Minett am Fokus gehat. D'Archive sinn Zeie vun Dausende vu Fotoen déi hautzedaags als historesch Dokumentatiounen fir de Escher a Lëtzebuergescher Patrimoine vu groussem Wäert sinn. Säit iwwert engem hallwe Joerhonnert déif verwuerzelt mam Quartier Brill am Häerze vum Zentrum, ass de Photo-Club Esch zu enger Kulturinstitutioun iwwert déi leschten 130 Joer ginn.
Allgemeng Informatiounen
-
D’Veräinsliewen ass divers an ëmfaasst
regulär Versammlunge Freides Owes ab 20 Auer,
Fotosessiounen mam Fokus op verschiddene Sujeten,
Weiderbildugnen,
Expositiounen,
Atelieren,
Ausflich,
Frëndschaft,
a villes méi.
-
Du bass wëllkomm dech als Member anzeschreiwen.
Ënnerstëtzend Memberschaft
≥ 21 Joer: 30 €
≤ 21 Joer: 20 €
Regulärr Memberschaft
≥ 21 Joer: 70 €
≤ 21 joer: 30 €
De = Photo-Club Esch is affiliated with the Fédération Luxembourgeoise de la Photographie Artistique.
-
Déi regulär Versammlungen si Freides Owes ab 20 Auer. Haaptsächlech gëtt Lëtzebuergesch geschwat, gefollegt vu Franséisch, Englesch an dann Däitsch. Jiddereen ass wëllkomm.
-
De Veräinslokal huet ee professionell a voll equipéierte Fotostudio, den néidege Computeren an equilibréierten Ecranen, wéi och dräi professionell Drécker.
Déi digital Infrastruktur dréit eenzeg an exklusiv op Apple baséierte Systemer.
De Veräinslokal huet och eng Fotogallerie, eng Bibliothéik, ee Büro, zwou Toilette, eng Kitchenette an een Archiv.
Och gëtt et vill verschiddent Equipement dat kann ausléint ginn.